Dir Dammen an Dir Hären,
Ech hu ganz vill Sympathien fir d‘Actioun Lëtzebuergesch an hier jorzéngtelaang Aarbecht fir eis Sprooch an ech war selwer, ëm 1978, ier ech mäi Medezinstudium ugefaang hun, als deemools jonke Schoulmeeschter-Aspirant am Comité vun Aerer Organisatioun.
Ëmsou méi verwonnert war ech, wéi ech an der Klack fir eis Sprooch vum 7.10.2023 an daer Rubrik iwert de Rollator gelies hun, datt un Alkohol-Ofhängegkeet an Multipel-Drogen-Ofhängegkeet krank Mënschen als „Schluppert“ an „“Drogemänni“ bezeechent gin, déi net „richteg“ krank wiren ( „Kränkt“ ënner Guillemet‘en) an awer all Hëllef vun der CNS géife kréien, am Géigesaz -an der Virstellung vum Auteur vun dësem Artikel- zu deene „ richteg“ an „onschëlleg“ kranke Leit, déi hire Rollator/ Rulli net vun der CNS rembourséiert kréichen.
Ouni lo wëllen op déi och sachlech sou net korrekt Aussoen iwert dëst Hëllefsmëttel anzegoen, fannen ech des Aussoën vun der Actioun Lëtzebuergesch iwert dësen Deel vu vulnerable Patienten einfach onméiglech an irresponsabel a sachlech falsch. Et fällt fir méch suguer ënnert „Hate-Speech“ fir ënnert reell Kranken tëschent „gudden“ a „schlechten“, „schëlleg“ an „onschëlleg“ Kranken ze ënnerscheeden.
Ech hoffen, datt d‘Actioun Lëtzebuergesch séch fir dës Aussoen entschëllegt an si offiziell zréckzitt.
Dr Robert Thill-Heusbourg
Médecin-spécialiste en neurologie et psychothérapie
Centre Hospitalier du Nord

Leave a Reply