Firwat steet an der Zeitung, Du wiers e “Brandstëfter”, Papa?

Prélude:

De Fall vun der Madame Christiane Kies als Kandidatin op der ADR – Lëscht fir d’ Gemengerotswalen 2017 huet rëm ville Leit Geleenheet gin, ideologesch motivéierten Haass iwert d’ ADR ënnert engem vermeintlech gudde Virwand lasszegin.

Schued….et war eng  “Affaire”, déi eigentlech keng war…

Si war awer trotzdem komplett onnéideg an hätt kënnen a sollen vun der ADR-Spëtzt am Virfeld verhënnert gin, well si schiedegt all aner seriö Kandidaten, déi de Fernand Kartheiser zurecht op séngem Blog als “couragéiert” bezeechent, op dëser an op anere Lëschten, besonnesch an dësen Zäiten, wou “Cyber-Milizen” op de soziale Medien eng nei Form vun Inquisitioun  agefouert hun.

Der Madame Kies hier Aussoen op Youtube  (déi vläischt strofrechtlech relevant Videon schénge mëttlerweil geläscht ze sin) si penibel. Si sin net nëmmen eng Beleidejhung vu ville Mënschen a vum Verstand, mee och eng Blasphemie vis à vis vun der chrëschtlecher Relioun, déi si hei a Geiselhaft hëlt fir hier onsäglech Iwerleeungen.

———————————————————————————————————————————

“Firwat steet an der Zeitung, Du wiers e “Brandstëfter”, Papa?”

Sou huet méch 2008/2009 mäi Meedchen ugeschwat, well d’ Kanner am Schoulhaff esou iwert méch geschwat hätten…Dat war zu dësem Zäitpunkt am Kader vun der Rufmord – Campagne vum Wort, déi deen deemolege Wort-“Journalist” Laurent Zeimet géint méch (an anerer) gefouert huet, well ech méch zu deem Zätpunkt am Kader vun der Mobiliséirung géint déi vum Här Juncker toleréiert a gefördert alternativ Majoritéit an der Chamber fir dem Här Huss säin Euthanasie-Projet an der ADR engagéiert hat, well déi deemoleg CSV ze feig war (an haut och nach ëmmer as), dat oppen unzeschwätzen. Den Här Zeimet huet deemools -géint all journalistesch Deontologie- vu mir a vun aneren als “geistige Brandstifter” geschwat, déi “Unterschlupf” bei der ADR font hätten, alles Bezeechnungen mat krimineller Connotatioun. Dat war en ähnleche Jargon (“Hass-Hemmschwellen senkend” géif een op Däitsch soen) wéi deen, deen haut deen aktuelle Chefredakter Jean-Lou Siweck (aus dem Här Juncker sénger Schoul) a séngem Editorial vum 16. September 2017  gebraucht huet. Hei kommen d’ “Schmuddelkinder” nach dobäi. Den Här Léon Zeches, deemolege Chef-Redacteur vum Wort, mat deem ech ganz vill a gutt zesumme schaffe konnt, huet mir deemools Recht gin a mir versprach, hie géif dat bei deem betreffende “Journalist” uschwätzen… Haut sin déi selwecht Ongeeschter anscheinend rëm do. Schued fir deen Differenzéirungsverloscht an enger Zeitung, déi dem (kathoulesche) Bistum gehéiert.

Leave a Reply

You can use these HTML tags

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>