{"id":423,"date":"2012-05-10T09:59:18","date_gmt":"2012-05-10T08:59:18","guid":{"rendered":"http:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/?p=423"},"modified":"2012-05-10T09:59:18","modified_gmt":"2012-05-10T08:59:18","slug":"kommunikatiounsfiasko-vu-regierung-a-polizei","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/?p=423","title":{"rendered":"Kommunikatiounsfiasko vu Regierung a Polizei"},"content":{"rendered":"<p>\u3000<\/p>\n<p>D\u00e9i Aart a Weis, w\u00e9i d\u2019 Regierung an d\u2019 Polizei d\u2019 Af\u00e9irung vum &#8220;\u3000Droge-Schnelltest Drugwipe\u3000&#8221; (schon eleng dese Numm as medezinesch gesi falsch) am Public virgestallt huet, as m\u00ebnschlech a medientechnesch e Kommunikatiounsfiasko, well d\u2019 Regierung no dem \u00e9ischten Echec vun der Af\u00e9irung vum Drugwipe-Test am Oktober 2007 (dat heescht den deemolegen Transportminister Lucien Lux an den nach-aktuelle Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo) de medezinesche Fachgesellschaften an de Patientenorganisatiounen h\u00e9ich an helleg versprach haten, datt si g\u00e9ifen d\u2019 Objektiounen vun all dene medezinesche Spezialisten a vum Coll\u00e8ge M\u00e9dical bei der Neifaassung a Vierstellung vu Reglement a Gesetz seri\u00f6 huelen, mee dat as awer leider an onverst\u00e4ndlecherweis ni geschitt.<\/p>\n<p><!--more--><\/p>\n<p>Domadder as leider eng wichteg Geleenheet verpasst gin, ze weisen, datt een d\u00e9i besonnesch Interessen vun enger ganz grousser Grupp vu Patienten, n\u00e4mlech d\u00e9i mat psycheschen an neurologesche Krankheeten an d\u00e9i mat akutem oder chroneschem W\u00e9i g\u00e9if verstoe w\u00ebllen.<\/p>\n<p>Et sin dr\u00e4i Patientegruppen, d\u00e9i hei besonnesch betraff sin\u3000: Patienten mat engem akuten oder engem chronesche W\u00e9i, d\u00e9i Morphium oder Codein-Pr\u00e4parater huelen an ADHS \u2013Patienten, d\u00e9i Amphetaminen oder Methylphenidat mussen huelen, fir hier Krankheet ze behandelen a fir hier Fuertauglechkeet an Aarbechtsf\u00e4hegkeet z\u2019erhalen oder remzekr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Et get och meeschtens keen oniwerbr\u00e9ckbare G\u00e9igesaatz t\u00ebschent dese Patienten hire legitimen Gesondheetsinteressen op daer enger S\u00e4it an der S\u00e9cherheet am \u00ebffentleche Verk\u00e9ier op daer anerer S\u00e4it.<\/p>\n<p>Drugwipe as \u2013am Contraire zu dem, wat den H\u00e4r Reuter vun der Polizei op wort.lu gesot huet (&#8220;\u3000Mit dem Speicheltest k\u00f6nnen wir schnell feststellen, ob Drogen im Spiel sind oder nicht\u3000&#8221;) keen Test , wou Drogekonsum s\u00e9ier festgestallt get, mee e Schnelltest, wou verschidden pharmakologesch Famillen s\u00e9ier k\u00ebnnen identifiz\u00e9iert gin a wou nach kee ka soen, op dat illegal Drogen oder legal Medikamenter sin.<\/p>\n<p>R\u00e9ischt d\u2019 qualitativ an d\u2019 quantitativ Analyse vu Blut an Urin am Staatslabo kann d\u2019 Basis fir eng richterlech \u00cbnnerscheedung liweren, well d\u2019 Majorit\u00e9it vun deene Substanzen (Amphetaminen, Methylphenidat, Morphium an an Zukunft \u00ebmmer m\u00e9i Cannabinoiden) och ganz normal bei verk\u00e9ierstaugleche Patienten als Medikamenter agesat gin.<\/p>\n<p>Mir sin natierlech aus Gr\u00ebnn vun der Pr\u00e4ventioun a vun der Verk\u00e9ierss\u00e9cherheet fir d\u2019 Af\u00e9irung vun sou engem &#8220;\u3000Droge\u3000&#8221;-Schnelltest, mee duerch d\u2019Aart a Weis vun der Af\u00e9irung an duerch esou falsch Pauschal-Aussoen gin natierlech all Patienten diskrimin\u00e9iert a mat Drogen-Delinquenten an een D\u00ebppe geh\u00e4it.<\/p>\n<p>Och am Contraire zu deeem wat de Polizeibeamten den 30.Abr\u00ebll owes am RTL Journal behaapt huet, h\u00e4ngt bei engem individuelle Patient s\u00e9ng Verk\u00e9ierstauglechkeet net vun ierjend engem festgestallte Blutspigel of, mee d\u00e9i Verk\u00e9ierstauglechkeet get am Eenzelfall vum Dokter mam Patient agestallt, woubei et (w\u00e9i a villen anere Ber\u00e4icher vun der Medezin) keng s\u00e9cher iewescht oder \u00ebnnescht Gr\u00ebnz fir e Medikament get, d\u00e9i et onwierksam oder toxesch m\u00e9cht, mee dat h\u00e4nkt vum eenzelne Patient, s\u00e9nger genetescher Dispositioun a s\u00e9nger Krankheet of, wou den Dokter klinesch an net mat enger Blutanalyse entscheed, ob d\u2019 Behandlung wierkt an ob de Patient verk\u00e9iers &#8211; an aarbechtstauglech as<\/p>\n<p>Dat as bei alle Medikamenter an der Neurologie an an der Psychiatrie esou an och an deene meeschten aneren Disziplinen vun der Medezin.<\/p>\n<p>Wat am B\u00e4ipackziedel iwert d\u2019 Geforen vun der Beantr\u00e4chtejung vun der Verk\u00e9ierstauglechkeet steet, as bekanntlech n\u00ebmmen eng M\u00e9iglechkeet a keng Tatsaach, w\u00e9i de Polizeibeamten dat gemengt huet an h\u00e4nkt erem vum konkrete Patient, s\u00e9nger Krankheet a s\u00e9nger Behandlung of, an dat as rem eng Asch\u00e4tzung an eng Entscheedung vum Dokter am Eenzelfall mat s\u00e9ngem Patient.<\/p>\n<p>Dat, wat bei eis an der Neurologie an an der Psychiatrie vill m\u00e9i heefeg virk\u00ebnnt, as, datt d\u2019 Patienten grad opgrond vun hirer Krankheet (Parkinson, Epilepsie, chronesche W\u00e9i, ADHS, Depressiounen etc) hier Fuer- an Arbechtstauglechkeet verl\u00e9ieren, woubei eng korrekt Therapie (dacks mat Substanzen, d\u00e9i beim Drugwipe -Test positiv ausfalen) d\u00e9i Fuer- an Aarbechtstauglechkeet rem hierstelle kann- et as also och vum Secherheetsstandpunkt aus ganz bedenklech, wann d\u00e9i Patienten, aus Angscht, beim Drogentest positiv getest ze gin, op hier Medikamenter g\u00e9ife verzichten.<\/p>\n<p>.<\/p>\n<p>Dr Robert Thill-Heusbourg<\/p>\n<p>Neurolog a Psychotherapeut<\/p>\n<p>Pr\u00e4sident vum Daachverband vun de Fach-a Patientenorganisatiounen Treffpunkt ADHS<\/p>\n<p>\u3000<\/p>\n<p>03.05.2012<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<\/p>\n<p>D\u00e9i Aart a Weis, w\u00e9i d\u2019 Regierung an d\u2019 Polizei d\u2019 Af\u00e9irung vum &#8220; Droge-Schnelltest Drugwipe &#8221; (schon eleng dese Numm as medezinesch gesi falsch) am Public virgestallt huet, as m\u00ebnschlech a medientechnesch e Kommunikatiounsfiasko, well d\u2019 Regierung no dem \u00e9ischten Echec vun der Af\u00e9irung vum Drugwipe-Test am Oktober 2007 (dat heescht den [&#8230;]<\/p>\n","protected":false},"author":3,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[],"class_list":["post-423","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-chantier","odd"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/423","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/users\/3"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcomments&post=423"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/423\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":426,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/423\/revisions\/426"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fmedia&parent=423"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcategories&post=423"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Ftags&post=423"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}