{"id":104,"date":"2009-12-03T13:37:52","date_gmt":"2009-12-03T12:37:52","guid":{"rendered":"http:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/?page_id=104"},"modified":"2024-03-06T14:01:47","modified_gmt":"2024-03-06T13:01:47","slug":"robert-thill-heusbourg","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/?page_id=104","title":{"rendered":"Robert Thill-Heusbourg"},"content":{"rendered":"<p><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft size-full wp-image-200\" title=\"roby2007_4\" src=\"http:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/wp-content\/uploads\/roby2007_4.JPG\" alt=\"roby2007_4\" width=\"968\" height=\"648\" srcset=\"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/wp-content\/uploads\/roby2007_4.JPG 968w, https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/wp-content\/uploads\/roby2007_4-300x200.jpg 300w\" sizes=\"auto, (max-width: 968px) 100vw, 968px\" \/><\/p>\n<p>Foto: Alma Maria Heusbourg<\/p>\n<p>Den Dr Robert Thill-Heusbourg as 1959 an der Stad L\u00ebtzebuerg gebuer gin an och do opgewuess; 6 vu s\u00e9ngen 8 Urgrouss-Elteren stamen awer aus dem \u00c9isl\u00e9k (Gilsdr\u00ebf, Knapphouschent, Maarnech, Wahl a Woltz). Hie war am Koll\u00e9isch an um Conservatoire an der Stad a war als Klarinettist Member vu verschiddene Mus\u00e9ksgesellschaften.<\/p>\n<p>Vun 1978-1979 huet hien um Institut P\u00e9dagogique zu Walfer fir Schoulmeeschter gel\u00e9iert an dun vun 1979 bis 1994 zu Graz an zu L\u00ebtzebuerg Allgemengmedezin, Neurologie, Psychiatrie a Psychotherapie stud\u00e9iert.<\/p>\n<p>Vu 1979 bis 1987 huet hien s\u00e9ch niewent s\u00e9nge Studien zu Graz als fr\u00e4iw\u00ebllegen Ambulancier a sp\u00e9ider als Rout-Kr\u00e4iz-Dokter engag\u00e9iert.<\/p>\n<p>Den Dr. Robert Thill-Heusbourg as Neurolog a Psychotherapeut mat enger\u00a0 Zousatzausbildung a Sportmedezin, Palliativmedezin a Geriatrie. Hie schafft z\u00ebnter\u00a0 1994 am H\u00f4pital Saint Louis zu Ettelbr\u00e9ck an a s\u00e9nger Praxis, woub\u00e4i gudd d&#8217; Halschecht vu s\u00e9nge\u00a0Patienten Kanner a Jugendlecher sin. Hie betreit z\u00ebnter 1996 als &#8220;m\u00e9decin conseil&#8221; vum SCAP Kanner a Jugendlecher mat Wahrnehmungs- an Opmierksamkeetsst\u00e9ierungen a mat Problemer vun der psycho-motorescher Entw\u00e9cklung.<\/p>\n<p>Scho mat 17 Joer war hien politesch mam heitegen ADR-Deput\u00e9ierten Fernand Kartheiser aktiv politesch engag\u00e9iert an huet d\u2019Sektioun Bouneweg vun der Jeunesse D\u00e9mocratique an der Stad L\u00ebtzebuerg\u00a0 nei gegr\u00ebnnt, 2 Joer dono war\u00a0 hien als jonke Schoulmeeschter-Aspirant am Comit\u00e9 vun der Aktioun L\u00ebtzebuergesch an 1985 as hien als Vertrieder vun de Studenten vun der Universit\u00e9it Graz an de steireschen Di\u00f6zesanrat, deen ieweschte Berodungsgremium vum B\u00ebschof vu Graz-Seckau, gewielt gin.<\/p>\n<p>2007 konnt dat neit Verk\u00e9iersgesetz net w\u00e9i geplangt a Kraaft trieden, well hien an engem Pressecommuniqu\u00e9 noweise konnt, datt wesentlech Best\u00ebmmungen zum Medikamenten-an Drogekonsum um Steier op falsche Berechnungen an Iwerleeungen\u00a0 berout hun an Patienten zu Onrecht kriminalis\u00e9iert h\u00e4tten.<\/p>\n<p>W\u00e9i hien 2008 an den Debatten zuer Euthanasie an Palliativ-Medezin gesin huet, datt d\u2019CSV als d\u00e9i Partei,\u00a0 daer hien s\u00e9ch weltanschaulesch am nohste gefillt huet,\u00a0 aus ideologeschen a koalitiounspolitesche Gr\u00ebnn e Wee gaangen as, deen d\u2019Euthanasie- Gesetz m\u00e9iglech gemaach an d\u2019Palliativmedezin-Gesetz verz\u00f6gert huet, do wosst hien, datt an daer Partei s\u00e9ng Plaz net waer. Hien huet dun d\u2019ADR als d\u00e9i Partei fonnt, d\u00e9i him d\u2019Fr\u00e4iheet gelooss huet, och weider oppen dat ze soen an ze schreiwen, wat hien zu d\u00ebsem an zu aneren Themen denkt.<\/p>\n<p>A s\u00e9nger Fr\u00e4iz\u00e4it engag\u00e9iert hien s\u00e9ch virun allem am Ber\u00e4ich vun der Pr\u00e4ventiv-Medezin: hien war Member vum Comit\u00e9 d\u2019experts \u201eAlimentation saine et \u00e9ducation physique\u201c am Gesondheets-Minist\u00e8re an am\u00a0 w\u00ebssenschaftleche B\u00e4irot vum Zitha-Gesondheetszentrum. Am Dezember 2008 gouf hien zum nationalen Deleg\u00e9ierten vun de L\u00ebtzebuerger Neurologen an de w\u00ebssenschaftleche B\u00e4irot\u00a0 fir Palliativmedezin vun der Gesellschaft vun den europ\u00e4esche Neurologe gewielt.<\/p>\n<p>Den Dr Thill-Heusbourg as Gr\u00ebnnungsmember a war President vum Daachverband a Kompetenz-Netzwierk \u201eTreffpunkt ADHS\u201c vun 2011-2018 a war 2008 Gr\u00ebnnungsmember vun der Bierger-Initiativ \u201eEuthanasie: Neen!-Palliativ:Jo!\u201c\u00a0 No s\u00e9nger Formatioun zum\u00a0 &#8220;Koordinator f\u00fcr klinische Ethik-Beratung&#8221; (Akademie f\u00fcr Ethik in der Medizin, G\u00f6ttingen)\u00a0 schreiwt hien Artikelen\u00a0 an h\u00e4lt \u00a0Virtr\u00e4g a Formatiounen iwert medezinesch an ethesch Froen am Kader vum Curriculum Ethikberatung vun der Katharina Kasper Akademie zu Dernbach (D) an zu Meran (I).<\/p>\n<p>Z\u00ebnter 2015 huet den Dr Thill-Heusbourg als &#8220;m\u00e9decin coordinateur&#8221; am Kader vun der Direction m\u00e9dicale vum Centre Hospitalier du Nord geschafft an z\u00ebnter dem 1. September 2019 as hien och Adjoint au Directeur m\u00e9dical vum Centre Hospitalier du Nord.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Dezember 2021 as den Dr Thill-Heusbourg net m\u00e9i M\u00eamber vun der ADR.<\/p>\n<p>Den Dr. Thill-Heusbourg as bestuet an huet\u00a07 Kanner an een Enkelkand.<\/p>\n<p><strong>\u00a0<\/strong><\/p>\n<div class=\"kl_keyboard ui-draggable\"><\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<\/p>\n<p>Foto: Alma Maria Heusbourg<\/p>\n<p>Den Dr Robert Thill-Heusbourg as 1959 an der Stad L\u00ebtzebuerg gebuer gin an och do opgewuess; 6 vu s\u00e9ngen 8 Urgrouss-Elteren stamen awer aus dem \u00c9isl\u00e9k (Gilsdr\u00ebf, Knapphouschent, Maarnech, Wahl a Woltz). Hie war am Koll\u00e9isch an um Conservatoire an der Stad a war als Klarinettist Member vu verschiddene Mus\u00e9ksgesellschaften.<\/p>\n<p> [&#8230;]<\/p>\n","protected":false},"author":3,"featured_media":0,"parent":102,"menu_order":0,"comment_status":"open","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-104","page","type-page","status-publish","hentry","odd"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/104","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/users\/3"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcomments&post=104"}],"version-history":[{"count":41,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/104\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":719,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/104\/revisions\/719"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/102"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.thill-heusbourg.lu\/test\/wordpress\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fmedia&parent=104"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}